Fir mech mol propper ze presentéieren, mäin Numm ass MARIN Tom.
Gebuer sinn ech am Joer 1994. No der Schoul sinn ech bei d’Arméi gaangen, wou ech bis 2017 mäin Déngscht gemaach hunn. Nodeems ech mäin Déngscht ofgeschloss hunn, sinn ech bei den CGDIS (Deemools nach ASS) gewiesselt, wou ech och haut nach schaffen.
Wei ech zum Drone fléie komm sinn ass un sech simpel. Ech hu mech schonn ëmmer fir déi fléiend Technologie intresséiert. Wärend mengem Déngscht bei der Arméi, hat ech bësse mat Dronen ze dinn, wat mech natierlech virwëlzeg gemaach huet. Wei ech mech mat dem Thema ausernee gesat hunn hat ech mir dunn 2020 eng DJI Air 2 zougeluecht an se als Hobby Drone benotzt.
Enn 2023 hunn ech mech dozou decidéiert dat ganzt dann net nëmmen nach als Hobby ze gesi mä als eng Méiglechkeet a verschiddenen Branchen de Leit mat hire Projeten ze hëllefen. Sief et de Baueren a Jeeër beim siche vu Wëld oder dem Architekt beim sichen no Hëtzebrécken un engem Haus. Hautzudaags ginn et onzieleg Asaz Méiglechkeete fir eng Drone a säi Pilot.

