
Hai eng Lëscht mat Servicer déi ech ka fir eng Privat Persoun wei och fir Firmen ubidden. Wichteg ze wëssen ass, dass och wann ech déi Servicer ubidden, net heescht dass ech se bei Jidderengem kann duerchfeieren. An verschiddenen Situatioune wei zum Beispill Datum oder Uertschaft dierf ech, an och aner Piloten, net Fléien. Trotzdeem wäert ech ëmmer mäi Bescht maache fir ären Wëllen ëmzesetzen.
Mat enger Drone huet ee vill Asazméiglechkeeten. Macht mir roueg eng Email oder fëllt de Kontakt Formulaire aus dass ech mat Iech kann eng Solutioun fannen.
Inspektioun
Preis ob Ufro
Ech bidde professionell Drone-Inspektioune fir schwéier erreechbar Beräicher. Egal ob Dachkontrollen, Fassadeninspektiounen, Anlageninspektiounen oder technesch Iwwerwaachungen. Héichopléisend Noopnamen erméiglechen eng detailléiert Bewäertung ouni dass een sech Risiken oder Héichtengeforen aussetze muss.
Och thermographesch Opname fir d’Erkennung vun Hëtzeverloscht, Fiichtegkeet oder technesche Mängel si méiglech – ideal fir Gebaier, PV-Anlagen oder Industrieanlagen.
D’Inspektioune ginn individuell geplangt an duerchgefouert. Sécher, zäitspuerend an dokumentéierbar op Wonsch mat Foto a Video Material.
Foto-Dokumentatioun
100* Euro / Visite
Ech bidden eng reegelméisseg Foto-Dokumentatioun vu Bauprojeten, Renovatiounen oder änleche Projeten. Vun der éischter Phas bis zum fäerdege Projet. An festgeluechten Zäiträim halen ech den Aarbechtsfortschrëtt vum Projet mat Loftopname fest.
Duerch d’asetze vun Drone ginn all relevant Phase vum Projet aus eenzegaartege Perspektiven dokumentéiert. Dës Fotoe bidden net nëmmen eng präzis visuell Chronik vum Baufortschrëtt, mee kënne och fir Berichter, Presentatiounen oder als wichtegt Referenzmaterial genotzt ginn.
D’Foto-Dokumentatioun gëtt individuell op Är Bedierfnesser ugepasst a suergt fir eng komplett a transparent Nofolgbarkeet vum Projet.
Foto oder Video
85* Euro / Stonn
Ech bidden héichwäerteg Foto- a Videoopnamen aus der Loft – souwuel dobausse wéi och dobannen. Egal ob fir privat Geleeënheeten, Presentatioune vu Betriber, Immobilievermëttlung, Eventer oder Dokumentatiounen. D’Opname bidden nei Perspektiven a suerge fir en ausdrocksstaarkt Resultat.
Mat menger kompakter Drone kënnen och am Indoor-Beräicher stabil a detailräich Opname realiséiert ginn. Flexibel, sécher a individuell un Äre Projet ugepasst.
Landwirten, Jeeër a SAR
Preis ob Ufro
An der Landwirtschaft gëtt bei der Wëldschuetvermoossung gehollef, andeems Schied u Felder a Wisen effizient dokumentéiert ginn. Fir Jeeër gëtt bei der Nosich no verletztem Wëld bei engem Fehlschoss gehollef, andeem grouss Flächen séier a sécher duerchsicht ginn.
Am Beräich SAR gëtt Ënnerstëtzung bei der Sich no vermëssten Déieren oder Persoune gebueden, besonnesch ob schwiereg erreechbare Platzen. All Asaz gëtt mat héchster Sécherheet an ënner Berécksiichtegung vum Déieren- a Ëmweltschutz duerchgefouert.
*All d’Präisser sinn ouni TVA opgelëscht.
